Repercussioune vum Ukrain-KrichSozialplang bei der East-West-United-Bank

RTL Lëtzebuerg
D'Sanktioune vum Weste géint Russland wéinst dem Iwwerfall op d'Ukrain ginn och un der Lëtzebuerger Bankewelt net spuerlos laanscht.

E Mëttwoch haten d’Gewerkschaften ALEBA, LCGB an OGBL an engem Pressecommuniqué matgedeelt, datt bei der russescher East-West-United-Bank ee Sozialplang ënnerschriwwe gouf.

Vun den insgesamt 80 Salariéë sinn der tëscht 32 a 44 betraff. D’Geschäfter vun der Bank konzentréiere sech virun allem op Persounen, déi Russesch schwätzen an hiert Verméige verwalten, respektiv Transaktioune wëllen ofwéckele loossen. Dem ALEBA-President Roberto Mendiola no dierft de geopolitesche Kontext, deen duerch den Ukrain-Krich entstanen ass, nach weider Repercussiounen op d’Situatioun vu virun allem russesche Finanzinstituter zu Lëtzebuerg hunn.

Sozialplang bei der East-West-United-Bank / Marc Hoscheid

“Incertain évidemment parce que les banques ont une perte de clients en tout cas lié soit directement ou indirectement aux sanctions. Donc effectivement il y a une perte qui risque d’arriver. Mais de dire que ça va mettre la banque en imbalance c’est très difficile à dire, moi je n’ai pas ces détails-là et je peux pas vous répondre.” D’East-West-United Bank ass zanter 45 Joer zu Lëtzebuerg aktiv.

Nieft der East-West-United gëtt et zu Lëtzebuerg och nach déi russesch Gazprombank. Bei der ALEBA ass ee sech awer onsécher, ob et net awer nach méi russesch Kreditinstituter zu Lëtzebuerg gëtt. Mat Bléck op déi ganz Finanzplaz heescht et, déi ëmmer méi héich Zuel u Reglementatioune géing d’Käschten an d’Luucht dreiwen, genee ewéi den Index. Trotzdeem wier Lëtzebuerg am Verglach mam Ausland net onattraktiv. “Je ne crois pas, parce que dans les autres pays ça se fait de tout àfait à autres niveaux. J’ai tendance à dire que le Luxembourg reste une place très attractive, nottament à cause de la main d’oeuvre de qualité, les employés sont tous multilingues. Notamment l’Université du Luxembourg produit de la main d’oeuvre très quaifiée. L’expertise qui est au Luxembourg par rapport à la banque est énorme.”

Datt aktuell éischter ee méi raue Wand op der Lëtzebuerger Finanzplaz bléist, gesäit een dorun, datt am Moment iwwer ee weidere Sozialplang bei enger anerer Bank verhandelt gëtt. RTL-Informatiounen no soll et eng däitsch Bank sinn. Den Numm vun der Bank an d’Unzuel vun de Salariéen, déi betraff wieren, sinn awer nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO