
Beim Finanz-Déngschtleeschter Kneip, dee fir speng Servicer an der Fongenindustrie bekannt ass, gëtt et e Sozialplang. Eng 70 vu ronn 200 Mataarbechter wiere concernéiert, heescht et an enger Annonce op hirem Internet-Site.
Grond wieren intern Ëmstrukturéierungen, grad wéi den Impakt vum Coronavirus. De 70 Leit sollen, Zitat, Ressourcen zur Verfügung gestallt ginn, fir eng nei Karriär op enger anerer Plaz ze starten.