Pompes Funèbres a KrisenzäitenSpéitstens 72 Stonnen nom Doud muss begruewe ginn

Annick Goerens
Läiche musse spéitstens 72 Stonnen nom Doud begruewe ginn an et kënne keng Ausname méi, wéinst zum Beispill engem Weekend, gemaach ginn.

D'Anäscherung misst souwisou, dem Gesetz no, spéitstens 24 Stonnen nom Doud geschéien. Dat sot eis de President vun der Federatioun vun de Pompes Funèbres. Och si bräichte komplett Schutzkleedung an och do ginn et Enkpäss.

Pompes Funèbres - Reportage Annick Goerens

Schutzbrëll, Masken, duebel Händchen, Tablieren an Desinfektiounsgel. All d'Precautioune musse geholl ginn.

De President vun der Federatioun vun de Pompes Funèbres Thierry Graul erkläert firwat: „Ons Informatioun ass, dass Kierperflëssegkeeten nach 24 Stonnen duerno  kéinten ustiechend sinn. An zwar all d'Kierperflëssegkeeten. An dass se op de Kleeder nach 5-6 Stonne kënnen iwwerliewen, ausserhalb vum Kierper. Do ginn d'Meenungen nach e bëssen auserneen. T'ass nach net 100% erfuerscht, mee mir ginn elo einfach och dovun aus an da si mer sécher, dass mer plus ou moins geschützt sinn.“

Donieft ginn et awer nach eng Rei aner Precautiounen: „T'ass och esou, dass déi meescht Persounen elo an Husse geluecht gi vun de Spideeler. Se sollen och gezeechent ginn, wann en Doute do ass, dass se kéinten infizéiert sinn. Des Weidere ginn d'Persounen dann net méi ugedoen. Dat ass eng Protektioun, well mat dem Undoen ass meeschtens nach Wäschen a Preparatioun vum Kierper derbäi. An dat vermeide mer den Ament einfach sou. Mir hunn och d'Spideeler kontaktéiert, dass mer wann méiglech net méi doduerch musse goen, wat soss ëmmer de Fall ass. Wann mer bei eng Morgue gefuer sinn, si mer de Schlëssel an d'Admissioun siche gaangen, hunn eis da mat engem Infirmier getraff den d'Persoun da konnt identifizéieren.  An mir hunn d'Chance, dass déi meescht Spideeler hir Morguen am Sous-sol oder dobaussen hunn.“ 

Och de Protokoll fir Doudeger an d'Altersheemer sichen ze goen, gouf elo geännert: „An den Altersheemer hunn mer et einfach méi restriktiv gemaach. Mir hunn gesot mir wëllen eréischt no 8 Auer Owes kommen, da sinn d'Bewunner an hiren Zëmmeren an déi meescht Leit sinn dann net méi am Gang, dass mer einfach d'Leit net treffen, well et muss ee wëssen, dass déi grouss Majoritéit vun den Altersheemer oder Maison de soins déi hunn keng eege Morgue. Dat heescht do intervenéiere mir dann an den Zëmmere selwer. Virdrun hunn mer d'Persoun och konnten undoen, se och bëssen hiergestallt. D'Famill konnt dann den Abschid huele bei der oppener Lued nach, doheem oder eventuell an enger Morgue am Spidol. A momentan ass dat einfach net méiglech.“

Den Ament dierfen am Crematoire zu Ham och just 10 Leit un enger Trauerfeier Deel huelen an och Begriefnisser dierfe just en toute intimité ofgehale ginn, sou nach den Thierry Graul, President vun der Federatioun vun de Pompes Funèbres. Wann d'Situatioun sech nach verschlëmmert kéint och dat sech nach änneren.

Back to Top
CIM LOGO