Hei am Land, awer och am Ausland ass dëst Phänomen ze gesinn, onerwaart ass dat ganzt awer net. Schonn zanter 2 bis 3 Joer géing ee ronderëm de Start vum Hierscht eng Hausse vun de Fäll gesinn. Dat géif ee souwuel an den Urgencen, wéi och beim Personal oder bei de Patiente mierken.
D’Klinicke wieren op eng Hausse vu Covid-Fäll gutt preparéiert, an et rechent een domat, dass dat an den nächste Joren an dësem Zäitraum zum Normalfall gëtt, sou de Luc Gindt, Generaldirekter vum Hopital Intercommunal, zu Stengefort:
“Nee, mat eise Mesurë si mir ganz gutt drop virbereet a mir sinn drop agestallt, dass effektiv sou Vaguë reegelméisseg lo rëmkommen, ëmmer am Hierscht a sou weider. Dat wäert esou wéi eng Gripp ebe ginn, och an Zukunft mussen mir eis dorobber virbereeden.”
Dass et fir all Alter wichteg ass, sech géint d’Gripp ze schützen, betount den Dokter Claude Braun, Directeur Médical bei den Hopitaux Robert Schuman:
“Also et gëtt jo déi berüümt Impfungen, ech mengen, dat ass ee wichtege Sujet. Et gëtt eng ganz Rei vu Krankheeten, wou ee sech kann impfen an ech géif hei an éischter Linn, dat läit mir och wierklech perséinlech um Häerz an all eise Mataarbechter och hei, dat ass d’Gripp, also déi richteg Gripp, d’Influenza. Do gëtt et jo all Joer eng Impfung, déi gëtt och aktualiséiert, dat heescht, dat ass esou, dass de Virus ebe sech ännert all Joer an den Impfstoff muss entspriechend ugepasst ginn.”
Dofir sollen Erwuessener, awer och Kanner sech all Joers géint d’Gripp impfe loossen, sou den Appell vum Dokter weider. Well vill Leit elo vu Reesen zréck kommen, géif dat och de Covid rëm an d’Land bréngen. D’Wieder ass dann awer och ee Faktor, et gëtt méi kal, d’Leit sinn doheem méi no beieneen a sou verbreet sech de Virus och méi séier. Op d’Fro, ob ee rëm ee groussen Ausbroch muss fäerten, ass d’Reaktioun awer ee kloren Nee.