
Dat gëllt och fir d'Spillplazen an d'Sportsplazen an der Gemeng Mamer. Sou sollen et och aner Gemenge maachen, schreift um Dënschdeg de Syvicol. De Gemengesyndikat recommandéiert eng Fermeture vun alle Spillplazen, Skaterpisten a Schoulhäff.
D'Argument ass fir de Syvicol kloer: et wier de Kanner net ze soen, datt op Spillplaze misste e Sécherheetsofstand agehalen ginn, well dëst net gutt méiglech wier. Dem Syvicol no wier d'Situatioun eescht, duerfir misst a puncto Spillplazen an aner ëffentlech Plazen, wou Fräizäitaktivitéiten kënnen ofgehalen ginn, gehandelt ginn.
Och Jugendlecher si gebieden, sech net méi a grousse Gruppen ze treffen an hir sozial Kontakter ze reduzéieren, fir d'Verbreedung vum Coronavirus esou gutt et geet anzedämmen.
Vun der Stad Lëtzebuerg heescht et och, dass et Ännerunge beim Fonctionnement vun de Gemengeservicer géinge ginn.
Fir gewuer ze ginn, wéi eng Spillplaze soss nach vun de Fermeturë betraff sinn, soll een am beschten de Site vun de jeeweilege Gemenge consultéieren oder hinnen uruffen.
Madame, Monsieur le Rédacteur en chef,Compte tenu du contexte actuel de pandémie liée au coronavirus COVID-19, la Ville de Luxembourg tient à vous informer que les mesures suivantes ont été mises en place (situation au 17/3 à 11:00) :
• Fermeture des aires de jeux de la capitale, dès maintenant et jusqu'à nouvel ordre ;
• Fermeture de l'Infobus (Place d'Armes), dès maintenant et jusqu'à nouvel ordre ;
• Adaptation du fonctionnement d'un certain nombre de services de la Ville ouverts au public (détail disponible en ligne).
Vous retrouverez toutes les informations à jour concernant ces mesures sur notre site pandemie.vdl.lu
