Äntwert op parlamentaresch FroSpuerkeess iwwerhëlt keng Fortuna-Bank-Mataarbechter

RTL Lëtzebuerg
D'Spuerkeess plangt net, d'Mataarbechter vun der Fortuna-Bank z'iwwerhuelen. Déi Confirmatioun ass an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ze liesen.
© RTL

D’CSV-Deputéiert Mosar a Spautz wollte dat vun der Finanzministesch Backes Detailer wëssen, well d’Gewerkschaft ALEBA der Spuerkeess reprochéiert hat, sech zwar fir d’Cliente vun der Fortuna-Bank, awer net fir d’Personal ze interesséieren. D’liberal Politikerin äntwert, datt d’Regierung sech net an déi kommerziell Aktivitéite vun der Spuerkeess géing amëschen. De Staat ass jo eenzegen Aktionär bei der Bank. D’Spuerkeess hätt dem Finanzministère an dëser Saach matgedeelt, datt fir d’Personal Léisunge géingen ausgeschafft ginn, dat awer vun der Bank Fortuna selwer.

D’Spuerkeess géing de Cliente vu Fortuna kommerziell Offere maachen an déi wiere fräi, dës z’acceptéieren oder net.

D’Fortuna-Bank hält progressiv mat den Aktivitéiten am Grand-Duché op. De Moment schaffen nach knapp 30 Leit do.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°6921

Back to Top
CIM LOGO