VDLStater Conseil erënnert u verstuerwe fréier Kolleegen

Dany Rasqué
Der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass den Ufank vum ëffentlechen Deel vum Gemengerot um Méindeg méi schwéier gefall.
© RTL

De Conseil huet sech déi éischte Kéier an dësem Joer gesinn an huet un dräi fréier Kolleegen erënnert, déi dëse Mount gestuerwe sinn. Mam Robert Goebbels, der Vronny Krieps an der Colette Flesch sinn dräi Mënsche gestuerwen, déi sech iwwer laang Joren fir “hir” Stad engagéiert hunn.

Am meeschten, esou d’Lydie Polfer, hätt si mam Robert Goebbels iwwert d’Cité judicaire diskutéiert. Si huet den LSAP-Politiker awer och en häerzleche Familljepapp genannt, deem et ëmmer eng grouss Freed war Frënn z’empfänken an se ze bekachen. Déi liberal Vronny Krieps hätt sech an hirem Liewen mat Leif a Séil fir déi Mënschen engagéiert, deenen et net esou gutt geet a war zum Beispill 8 Joer Presidentin vum Office Social. D’Colette Flesch huet d’Lydie Polfer eng Fra genannt, déi Dieren opgemaach hätt.

“Ech kann nëmme soen, ech sinn och eent vun deenen, wat dovu profitéiert huet. D’Colette huet enger ganzer Generatioun vu jonke Politiker, vun neie Politiker Dieren opzemaachen, fir d’Verständnis fir jonk Fraen. Wierklech, ech wëll net soen ze erzwéngen, well genau dat war ee vu senger Charakterzich, hatt stoung ferme zu sengen Iwwerzeegungen, mä et huet dat gemaach, et huet dat eriwwerbruecht, ouni Violence, just mat senger fester Iwwerzeegung.”

Och no dësem trauregen Ufank huet den Ordre du Jour missten attackéiert ginn an do wollt zum Beispill de François Benoy vun déi Gréng wëssen, wéi vill Defibrillateuren et um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg gëtt a wou een déi fënnt.

“Wann ech elo zum Beispill de Quartier vu Bouneweg kucken, deen, wou déi meeschte Leit wunnen, da constatéieren ech, dass zum Beispill an der Chambre des Salariés esou een hänkt, dass een am LTB hänkt an dass och op dem Site vun den CFL der hänken, dat sinn awer Plazen, déi wéi gesot net ëmmer op sinn an zum Deel och ganz wäit ewech, deemno wou een da vläicht ee géif brauchen, et ginn der och nach a Sportshalen an esou weider, mee wéi gesot et sinn alles Plazen, déi eigentlech zou sinn, zum Deel, an et sinn zum Deel och Plazen, déi wäit ewech sinn, deemno wou een dann esou ee géif brauchen.”

Op der Gemeng schéngt ee sech dem Problem bewosst ze sinn, well et gëtt konstant u Verbesserunge geschafft. Den éischte Schäffen, den CSV Politiker, Maurice Bauer.

“À ce stade hu mer dräi Defibrillateuren, déi bausse sinn. Een ass beim Haus vun der Natur, een ass beim Service des eaux an een ass bei dem Service des parcs. Do ass et esou, dass mer amgaange sinn dorunner ze schaffen. Mir sinn amgaangen, eng Strategie auszeschaffe mat strateegesche Plazen, wou mer se och kënnen am Exterieur, also baussen, ophänken. An do solle mir elo als Schäfferot eng Propositioun gemaach kréien am Fréijoer dëst Joer.”

Weider Defibrillatore sollen dofir ënnert anerem op Plaze kommen, wou all Dag ganz vill Leit passéieren, wéi zum Beispill d’Place d’armes oder de Knuedler. Den Ament ginn et op alle Fall um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg iwwer 200 där Apparater, déi am Noutfall kënne Liewe retten.

Back to Top
CIM LOGO