
Dofir ass et elo den Appell vun den Organisateure fir net erof an Ettelbréck ze fueren, mee fir d'Sortie Colmar-Bierg/Rouscht erauszefueren an de Park&Ride um Karelshaff ze benotzen.
D'Police huet iwwerdeems matgedeelt, dass een elo d'Sortie op der B7 fir erof an Ettelbréck ze fueren gespaart hätt. De Verkéier géing Richtung Fridhaff virugeleet ginn.
Et ass de Rappell all Manöveren, fir de Stau op der Autobunn z'entgoen, mat 3 Punkten an 145 Euro protokolléiert ginn: