
Ënnerscheeder am Kaf vu biologesche Produite géifen et net wierklech beim Alter vun de Leit ginn, mee villméi beim Akommes. Dat geet aus der Etüd vum Statec ervir. A Stéit déi manner wéi 2.500 € verdénge si 7% vun den Ausgabe fir Liewensmëttel fir Bio-Produiten. Bei deenen déi 6.500€ oder méi Akommes hunn läit deen Undeel bei 21%.

Déi Bio-Produiten déi am meeschte kaf ginn, sinn d'Iesse fir Bëbeeën (38%), Hunneg (22%), Eeër (20%), Miel a soss Käre-Produiten (15%), Mëllech (12%) an Uebst a Geméis (10%).
Wärend 1977 d'Stéit nach 29% vun hirem Budget fir Liewensmëttel ausginn hunn, läit deen Taux haut nëmmen nach bei 8%. D'Iwwerhand mat 37% huet haut de Logement, deen an de 70er Joren nëmme bei 19% louch.

81% vun de Bio-Produite ginn iwwregens a grousse Surfacë kaf, 9% an Discounter-Butteker an 8% an Epicerien. Bei den Net-Bio-Produite gesäit déi Opdeelung liicht anescht aus. 70% vun deene Liewensmëttel ginn a grousse Surfacë kaf an 21% bei Discounter.