An der Nuecht vum 13. op de 14. Januar dëst Joer sinn an der Montée de la Pétrusse am Gronn Steng vun enger Mauer un enger Fielswand hannert zwee Haiser gefall. Wéi d’Ponts et chaussées RTL op Nofro hin erklären, kéinten déi rezent “ongënschteg Wiederkonditioune” wéi staarke Frascht, vill Reen an Temperaturschwankunge vu bis zu 20 Grad Celsius a kuerzer Zäit Grond fir d’Chute sinn. Et kéim ëmmer mol nees vir, datt “Steng wéinst a Fraschtauswierkungen aus enger Fielswand erausbriechen”, schreift de Pressespriecher Ralph Di Marco.
Meeschtens wieren ënnert Fielswänn Bëscher, Hecken oder Wisen, sou datt keng privat Persounen direkt betraff sinn. Fielsen, “bei deenen de Fouss fir d’Allgemengheet zougänglech ass”, géingen deemno och reegelméisseg kontrolléiert ginn, “fir potentiell Risike sou gutt wéi méiglech ze minimiséieren”. Am Fall vun der Chute am Gronn wier awer bis viru Kuerzem net gewosst gewiescht, datt d’Ponts et chaussées fir dës Fielswand zoustänneg wieren. Eréischt “rezent Ausmoossunge vum Staatsterrain” hätten erginn, datt de “komplette Fiels bis zum Fouss nach zum Domaine privée étatique gehéiert, deen iwwer de Privatparzelle läit”.
D’Ponts et chaussées hätten awer direkt, nodeems si iwwer de sougenannte “Fielssturz” informéiert goufen, eng spezialiséiert Firma mat Cordisten, also sougenannten Industriekloterer, op d’Plaz geschéckt, fir sech zesumme mam Service Géologique e Bild vun der Situatioun ze maachen an d’Plaz ze securiséieren. Wéinst dem schwieregen Accès zu der Fielswand an de Konstruktiounen, déi direkt un der Mauer dru sinn, géing een d’Plaz virop mat engem Sécherheetsnetz provisoresch ofsécheren, fir dann déi nach iwwereg labber Steng a Sécherheet ze léisen an ze evakuéieren. Als definitiv Mesure soll d’"Stützmauer” uewen um Fiels op der betraffener Plaz reparéiert ginn, “sou datt d’Situatioun och längerfristeg geséchert gëtt”.
Vun den Awunner aus de betraffenen Haiser heescht et iwwerdeems, datt ee ganz zefridde gewiescht wier, wéi d’Ponts et chaussées an der Situatioun reagéiert hunn.