"Huelt Iech Är Zukunft zeréck"Stramm liberal-konservative Kompass bei der ADRenalin

Roy Grotz
D'Jugendpartei vun der ADR huet d'Politik vun der aktueller Regierung bei hirem Kongress d'leschte Weekend nawell ferm kritiséiert.

“D’Regierung huet déi läscht 10 Joer näischt anescht gemaach, wéi d’ekonomesch Substanz ze verbëtzen, a punkto bannenzegt Sécherheet ze kapituléieren an d’Grondrechter ze demontéieren”.

Dat ass de Constat vun der Jugendorganisatioun vun der ADR, déi iwwert de Weekend hire Kongress ënnert dem Slogan “Huelt Iech Är Zukunft zeréck” hat.
D’Politik vun der Regierung misst den ADRenalin-Vetrieder no esou séier ewéi méiglech gestoppt ginn, soss géif se sech déi nächst Jore katastrophal op d’Liewenssituatioun vun der Jugend auswierken. Weider war et och Konsens, bei de jonken ADR-Leit, datt vun der CSV näischt anescht wéi e Weider-sou vun der aktueller Politik z’erwaarden wier. Eleng d’ADR hätt d’Potenzial, de Wieler am Oktober eng Alternativ ze bidden, déi den Numm och verdénge géif. Am ADRenalin Grondsazprogramm heescht et, datt ee fir eng strikt Trennung vun Asyl- an Awanderungsrecht stéing. Den illegale Grenziwwertrëtt wier per se eng Strofdot, déi automatesch zu enger “Interdiction du Terroir” misst féieren.
Eng Persoun, déi zu Lëtzebuerg kriminell gëtt, ouni legal hei gewunnt ze hunn, soll an deem Land an de Prisong kommen, wou se fir d’lescht gemellt war - sou d’ADR-Jugendorganisatioun.

President vun Adrenalin ass aktuell de Maksymilian Woroszylo, dee vum Gustavo Teixeira a vum Jang Modert un der Spëtzt vun der Jugendpartei assistéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO