Brauereien, Kellereien a WaasserproduzentenSuergen ëm Liwwerenkpäss um Glasmarché

RTL Lëtzebuerg
Esou lues gi mer op de Summer a méi waarm Temperaturen duer. E killt Gedrénks ass do genau dat Richtegt. Egal ob Waasser, e Béier oder eng Kippchen.
Suergen ëm Liwwerengpäss um Glasmarché
Esou lues gi mer op de Summer a méi waarm Temperaturen duer. E killt Gedrénks ass do genau dat richtegt. Egal op Waasser, eng Béier oder eng Kippchen.

D’Noriicht, dass international Gedrénksproduzente Probleemer hunn, fir Glasfläschen erbäi ze kréien, kann een erféieren. D’Domaines Vinsmoselle an d’Brasserie Nationale ginn net vun de grousse Glashütten an der Ukrain beliwwert. An awer si se indirekt vun hinnen ofhängeg. Wann nämlech do déi grouss Fläscheproduzenten zou sinn an déi international Demande u Fläsche weiderhin déi nämmlecht bléift, da mussen aner Produzenten ëmsou méi produzéieren. Dobäi erreeche se dacks hir maximal Capacitéit an awer geet et net duer. An esou kënnt et zu Enkpäss um Marché.

Duerch de Krich sinn och d’Energiepräisser geklommen. Dës Energie bräicht een allerdéngs an der Fläscheproduktioun, fir d’Glas ze schmëlzen. Och bei den Etiketten, dem Pech, de Paletten an dem Aluminium wier eng Deierecht ze bemierken. D’Deckele fir op Béier a Waasserfläsche wieren am Präis esou guer ëm 100% geklommen, also duebel esou deier ginn.

Präishaussë fir de Konsument wieren an noer Zukunft net ze verhënneren. D’Domaines Vinsmoselle an d’Brasserie Nationale kënnen elo just op laangfristeg Liwwerverträg vertrauen, dass et net zu gréisseren Enkpäss kënnt.

Back to Top
CIM LOGO