Fueren ënner AlkoholaflossTaser am Auto, net un d'Ausgangsspär gehalen, Accident mat Spidolsvisitt

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt 3 Fäll, bei deenen Automobilisten alkoholiséiert hannert dem Steier souzen.

Um Wandhaff huet d'Police um kuerz virun 1 Auer en Auto gestoppt, dee kuerz virdrun mat héijer Vitesse de Won vun de Beamte gekräizt huet. De Mann hannert dem Steier, sou huet et och den Test gewisen, war staark alkoholiséiert. Géint de Mann gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat, de Permis gouf agezunn. Bezuelen huet de Chauffeur dann och nach mussen, well e sech net un d'Ausgangsspär gehalen huet.

An der Peppenger Strooss zu Beetebuerg ass en Automobilist géint 22 Auer mat sengem Won géint eng geparkte Camionnette gerannt. Den Alkoholtest vum Chauffeur war positiv. De Mann koum mat liichte Blessuren an d'Spidol. Am Auto gouf en Taser fonnt a saiséiert. Eng Plainte géint de Mann gouf ausgestallt.

Géint 19.10 Auer koum et en Dënschdeg op der N8 zu Sëll zu engem Accident, bei deem sech en Auto iwwerschloen huet, nodeems dëse géint e Bam gerannt ass. D'Automobilistin koum mat Blessuren an d'Spidol. Och hei war den Test positiv an e Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO