Kierperverletzung an AbrochTäter bei Flucht schwéier blesséiert, nodeem hien aus Fënster wollt fortlafen

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.30 Auer gouf der Police eng schwéier Kierperverletzung an der Bouneweegerstrooss an der Stad gemellt.

De presuméierten Täter war fortgelaf, et gouf awer séier no him gesicht. Kuerz drop gouf der Police en Abroch an der Rue Bender gemellt, esou datt sech eng Patrull heihi beginn huet. D’Beamten, déi op d’Plaz koumen, haten den Abriecher och als déi Persoun identifizéiert, déi wéinst schwéierer Kierperverletzung gesicht gouf.

Den Abriecher hat sech an enger Wunneng am drëtte Stack verschanzt an hat probéiert, duerch d’Fënster fortzelafen, fir eng Verhaftung ze evitéieren. Dobäi huet hie sech awer an eng geféierlech Situatioun bruecht an d’Polizisten op der Plaz hu probéiert, de Mann aus senger mësslecher Lag ze befreien. Si konnten dobäi awer net verhënneren, datt de Mann aus dem drëtte Stack op den Trottoire gefall ass. De gewalttätegen Abriecher gouf nach op der Plaz behandelt a gouf dono an d’Spidol bruecht. De Parquet gouf iwwert den Asaz informéiert an de Virfall gouf zu Protokoll geholl an d’Inspection générale de la Police gouf informéiert.

Nieft dem Täter koum och d’Affer vun der Kierperverletzung an d’Spidol, dobäi gouf eng kleng Quantitéit un Droge beim Affer fonnt a séchergestallt.

Seniorin am Gaart iwwerfall a Kette geklaut

Géint 19.30 Auer war zu Réimech am Lauschlach en Onbekannten ouni Erlabnes an de Gaart vun engem Grondstéck gaangen. Hei huet de Mann eng Fra, déi grad dobäi war de Gaart ze maachen, an e Gespréich verwéckelt, fir si da vun hannen unzegräifen an hir mat Gewalt hir Kette vum Hals ze rappen. Donieft huet hie si därmoosse fest um Aarm ugepaakt, datt si blo Flecke krut an hir Auer beschiedegt gouf. Nom Déifstall ass den Täter mat engem Vëlo a Richtung Réimecher Zentrum geflücht.

Täter-Beschreiwung vun der Police:
- Mann zwischen 20 und 25 Jahre alt, zirka 1,80 m groß, dünne Statur, 3-Tage Bart, insgesamt ungepflegtes Aussehen, unter anderem einige Zahnlücken und sprach ohne Akzent Französisch.
Bekleidet mit einem sauberen weißen T-Shirt und einer dunklen Hose. Hatte ein Notizblatt oder –block mit sich.

All Informatioune si fir de Policebüro vu Réimech/Munneref ënnert der Nummer (+352) 244 771000 oder per Mail u police.REMICHMONDORF@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO