Abréch zu Märel a StroossenTäter konnten op béide Plaze festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Weider gouf et Abréch zu Stengefort an zu Beetebuerg, hei goufen Ermëttlungen ageleet.

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et en Abroch zu Märel. Kuerz nodeem d’Police alarméiert gouf, konnt de presuméierten Täter vun der Police ugetraff a gestallt ginn. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss, deen och direkt um Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter koum.

Schonn an der Mëttesstonn e Mëttwoch haten zwee Onéierlecher eng Fënster vun engem Haus an der Rue du Bois zu Stroossen futti gemaach, fir anzebriechen. Si goufen awer vun de Bewunner vum Haus iwwerrascht a si fortgelaf. D’Police gouf alarméiert an eng Sichaktioun gouf organiséiert. Dobäi konnten um Cents zwee Männer, déi vermummt waren, ugetraff ginn. Wéi si d’Police gesinn hunn, wollte si fortlafen, goufen awer kuerz drop vun de Beamte gestallt. Et huet sech erausgestallt, datt et déi Persoune waren, déi zu Stroossen agebrach waren. De Parquet huet béid verhafte gelooss.

Da mellt d’Police nach en Abroch an der Rue de Hagen zu Stengefort, dat géint 18.45 Auer um Mëttwoch. D’Täter konnten hei an en Haus abriechen an hu verschidde Raim duerchwullt. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz, d’Ermëttlunge lafen. Änlech gesäit et zu Beetebuerg aus, wou Onéierlecher iwwert eng Fënster op der Récksäit vun engem Haus an der Rue Sigefroi sech Zougang zum Gebai verschaaft haten.

Back to Top
CIM LOGO