Kette vum Hals gerapptTäter no Iwwerfall zu Miersch gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg gouf e Jugendlechen an der Rue de la Gare zu Miersch vun e puer Persoune bedrängt, woubäi him vun enger Persoun d'Kette geklaut gouf.
© Police Luxembourg

Wéi d’Police mellt, konnten am Kader vun der Sich nom Täter, véier Persounen ermëttelt ginn. Dorënner och de presuméierten Täter mat den zwou Goldketten, déi hie sengem Affer vum Hals gerappt hat. Béid Kette goufe séchergestallt an dem Jugendlechen zréckginn.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO