Asaz zu SchierenTäter schleit Fënster vun Auto an, klaut Géigestänn, ma kënnt net all ze wäit

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg géint 12:20 Auer gouf d'Police iwwert en Abroch an en Auto informéiert, dat an der Route de Luxembourg zu Schieren.
© RTL Archiv

D’Affer op der Plaz huet matgedeelt, dass d’Fënster vum Auto ageschloe gouf a Géigestänn geklaut goufen. No enger kuerzer Recherche konnt d’Police mat Hëllef vun der Beschreiwung vun engem Zeien de Mann untreffen.

D’Beschreiwung op de Mann hätt och gepasst, den Zeie konnt de Verdächtegen eendeiteg erëmerkennen. De Parquet huet d’Festnam vum presuméierten Täter ordonéiert an en hat e Sonndeg e Rendez-vous mam Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO