
„Déi klimaresilient Stad“: sou ass d‘Journée de la politique urbaine vun der CIPU iwwerschriwwen, der nationaler Plattform fir Urbanpolitik. Zesumme mat politeschen Acteure gouf e Méindeg am Hémicycle de Point gemaach.
Méi waarm Temperaturen, méi Wiederextremer ewéi Staarkreen an Iwwerschwemmungen oder op där aner Säit Dréche-Perioden. D’Ëmstänn wäerten anerer sinn, soen d’Urbaniste vun der Plattform CIPU. De Coordinateur Lex Faber:
“Mir mussen d’office op allen Niveauen aneschters denken an aneschters bauen, mee awer trotzdeem hu mer jo och e ganze Bau-Bestand, deen och schonn do ass, mat deem ee wäert weider musse schaffen. An och fir dee musse mer eis Saachen iwwerleeën a Léisungen hunn. An ech denken, et ass och fir dee Volet, wou et sécherlech wäert och an der Zesummenaarbecht da mam Bierger, mam Awunner och komplizéiert ginn, fir dat dann an der Praxis och kënnen ëmzesetzen.”
Eng ganz Panoplie u Mesurë kommen den Urbanisten an de Kapp. A punkto Waasser denkt een zum Beispill un d’Begréngung vum urbane Raum, Protektioune viru Staarkreen oder d’Notzung vu Reewaasser. Aus der technescher Siicht eraus kann d’Diskussioun ugestouss ginn, ma an der Suite muss et dann e politeschen Debat ginn, sou de Vertrieder vun der Cellule vun den Urbanisten. Natierlech wier ee sech bewosst, datt et aner Contraintë géing ginn, sou de Lex Faber weider. De liberale Minister fir Landesplanung Claude Meisch confirméiert dat a wënscht sech en Zesummespill.
“De Klimawandel wäert eis erausfuerderen, do wäert den Aspekt vu Liewensqualitéit an de Stied sinn, vu Gesondheet an de Stied. Op där anerer Säit wësse mer awer och, datt mer, wa mer eist Land wëllen organiséieren, wa mer wëlle méi no beienee réckelen, Wunnen a Schaffe méi no beienee kréien, wa mer dem demografesche Wandel an der Entwécklung vun eiser Bevëlkerung wëlle Rechnung droen, da musse mer och Stied hunn, déi nach weider kënne wuessen. An dat musse mer op eng Manéier maachen, datt mer eeben net alles zoubauen, datt mer eeben och nach gréng Flächen halen, datt mer Plazen halen, wou d’Waasser kann einfach versickeren.”
Laangfristeg kéint ee sech virstellen, datt Elementer a punkto Klimaresilienz méi systematesch de Wee an d’Bautereglementer an an d’PAG’e fannen. Ee Schratt nom aneren, seet de Minister awer och. Elo wier ee mol an der Phas, wou de Problem definéiert gëtt. E wichtegen Acteur sinn d’Gemengen. Um Niveau vun den Amenagement-Pläng géingen d’Gemenge probéieren, fir klimafrëndlech Reegele festzehalen. Den Inneminister Léon Gloden nennt d’Beispill vun de Schottergäert, déi et ze evitéiere gëllt. Leider wieren dës oder änlech Mesurë bei de Leit net ëmmer einfach ëmzesetzen.
“D’Fro stellt sech: Wéi kënne mer dat juristesch ugoen à la fin du jour, wann d’Leit net wëllen, trotz Ermanung vum Buergermeeschter oder wann och all finanziell Hëllef näischt hëlleft, da bleift dem Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch soss näischt, wéi eng Plainte beim Parquet ze maachen.”
A punkto Reaktioun op Krisen-Evenementer wëll den Inneminister Gloden e Modell ëmsetzen, dee sech um däitschen “Technisches Hilfswerk” orientéiert. Do soll eng Strategie developpéiert ginn, mat där de CGDIS kann Equipement akafen an de Gemengen dat mam Personal kann zur Dispositioun stellen, wann et zu enger Kris ewéi Héichwaasser kënnt.