
Eng Technologie vum Luxembourg Institute of Science and Technology gouf mat de “JEC Composites Innovation Awards 2026" ausgezeechent. Mat dësem gi Projeten aus der Branche vun der Industrie vun de sougenannte Komposit-Stoffer ausgezeechent.
De LIST gouf fir e besonnescht Schweess-Verfaren ausgezeechent, dat am Kader vun engem Projet agesat gouf, dee vun der Firma “Daher” lancéiert ginn ass. Dës produzéiert Stécker, déi an der Loft- a Raumfaart agesat ginn.