
Et kéint een nëmme graff Tendenzen erkennen, déi op Basis vun Protokoller erstallt ginn. D’Zuel vun de Protokoller, déi Mannerjäreger betreffen, ass op de Geriichter an der Stad an zu Dikrech tëscht 2019 an 2023 ëm 72 Prozent op ronn 4.500 Dossieren eropgaangen. Hei bleift awer ze bemierken, datt bei Mannerjäregen d’Täter an d’Affer an een Dëppe gehäit ginn, well ee wéinst dem Jugendschutz hei keng weider Prezisioune ka festhalen.
Ouni eegestännegt Jugendstrofrecht wier et aktuell der CSV-Ministesch no net méiglech, fir méi präzis Statistiken ze liwweren. Mä dëst soll sech duerch dräi nei Gesetzer änneren, déi um Instanzewee sinn an de System solle grondleeënd moderniséieren.
Sou sollen et en eegestännegt Jugendstrofrecht, e separat Gesetz iwwert de Schutz vu mannerjäregen Affer an Zeien an e weidert Gesetz iwwert de Jugendschutz ginn.
En Delai, wéini dës Texter solle votéiert an d’Jugendschutzgesetz vun 1992 reforméiert ginn, nennt d’Elisabeth Margue net. D’Froen zum Sujet hat de Piraten-Deputéierten Marc Goergen an enger parlamentarescher Fro gestallt.