E Samschdeg geet d'Oktav unDéi lescht Virbereedung an an ëm d'Kathedral wéi och um Mäertche lafen op Héichtouren

Kevin Kayser
Vun e Samschdeg un an dat fir zwou Wochen ass nees ee vun de gréissten traditionellen a reliéise Rendez-vousen an der Stad.
D'Preparatiounen fir de Mäertchen um Knuedler sinn zwee Deeg virun der Ouverture nach op Héichtoure gelaf.
D'Preparatiounen fir de Mäertchen um Knuedler sinn zwee Deeg virun der Ouverture nach op Héichtoure gelaf.
© Patrick Greis

"Mënschen sinn, elo an hei"

D'Oktav steet ënnert dem Thema "Mënschen sinn, elo an hei". Déi grouss Ouverture vun der Oktav ass e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer an dono, um 19:30 Auer ass "d'Nuecht vun de Kathedralen". Dotëschent ginn et déi verschiddensten Highlights op eenzelen Deeg, wéi ënner anerem den 2. Mee, well dann ass d'Héichfest vun der "Trösterin der Betrübten. Sonndes den 10. Mee ass um 15 Auer d'Schlussprozessioun.

De komplette Programm vun der Oktav fannt der op cathol.lu, wou een och e Livestream aus der Kathedral ka fannen. D'Fernseemasse vun den dräi Sonndeger, zwee Mol aus der Kathedral an enger Kéier aus der Kasär um Härebierg, ginn och op RTL ZWEE iwwerdroen.

Zu den Traditioune gehéiert dann och, datt déi Jonk zu Fouss an d'Stad pilgeren. Dëst passéiert an der Nuecht vum 25. op de 26. Abrëll. Den Haaptcortège geet e Samschdeg den Owend um 22. Auer fort. Vun Hesper a Walfer ginn da Sonndeg Moies Cortège fort, dat vu 4 respektiv 5 Auer. Och d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten organiséieren an där Nuecht verschidde Marschen. Hei kann ee sech bei hinnen umellen, fir do matzegoen.

Eng parallel Traditioun: De Mäertchen

Wien Oktav seet, denkt dobäi net ëmmer just un d'Massen an der Kathedral, mä fir vill Leit gehéiert och de Mäertche mat dozou. Och deen mécht e Samschdeg seng Dieren op. Aktuell awer lafen och do nach déi lescht Preparatiounen op Héichtouren. Wärend d'Gesiicht vum Mäertche sech an de leschte Jore verännert huet, wäert d'Editioun 2026 awer där vum leschte Joer duerchaus änelen: Et gouf nämlech eng 1.000 Quadratmeter grouss iwwerdaachten Terrass opgeriicht, dat an der Mëtt vun enge 50 verschiddenste Stänn, bei deenen ee vun Iesse, iwwer Spiller bis zu Verkafsstänn alles fënnt. Den Iwwerdaach vun dësem Joer ass dann no der Kritik vum leschte Joer e gutt Stéck méi grouss ginn, well en huet 12 Meter méi, wéi nach 2025.

Numm "Oktav" scho laang net méi aktuell

U sech huet d'Oktav soss aacht Deeg gedauert, dowéinst krut se dann och den Numm "Oktav". Dëse geet op d'Latäin zeréck, wou d'Zuel Aacht als "octo" ausgeschwat gëtt. "Octava" heescht dann am Latäin esouvill wéi "déi Aacht" a bezitt sech hei zu Lëtzebuerg eben op den fréieren Zäitraum vun der Oktav vun aacht Deeg. Schonn zanter laangem awer dauert dëse reliéise Rendez-vous, dee bei ville fest am Kalenner steet, méi wéi just dës aacht Deeg a geet iwwer zwou Wochen tëscht Ouschteren a Päischten.

Back to Top
CIM LOGO