Zanter Enn Januar huet de Staatslabo 300 Tester duerchgefouert. D’Kapazitéiten ass een amgaangen, an d’Luucht ze setzen. Dem Direkter vum LNS, dem Friedrich Mühlschlegel no, wier ee gutt opgestallt, fir der nach wesentlech méi ze maachen:
„Die Frage ist, können wir das auch leisten, wie andere Referenzzentren sich aufstellen. Rotterdam zum Beispiel – 250 Teste pro Tag oder mehr. Wir sinn technologisch und von unserer Geräteschaft und unserer Automatisierung haben wir uns rechtzeitig so aufgestellt, dass wir der Meinung sind, dass wir den Anforderungen auf jeden Fall gerecht werden können."
Bis zu 250 Tester kéinten den Dag gemaach ginn, och Privatlaboe kënnen elo op de Covid-19 testen. Zanter dëser Woch kënnen och Privatlaboen zu Lëtzebuerg där Tester maachen. RTL-Informatiounen no kéinten esou bis zu 500 Prouwe getest ginn. Fir esou een Test brauch een eng Ordonnance vum Dokter. Et géifen eng Rei verschidden Tester ginn a beim LNS hätt een der e puer dovu validéiert, esou dass een op alles preparéiert ass.
Friedrich Mühlschlegel: „So dass wir da eine Spannbreite haben und das ist auch wichtig, weil wir natürlich als LNS vermeiden wollen, dass falls es zum Beispiel zu Engpässen bei der Zulieferung oder im Testrepertoire kommen sollte, dass wir da Optionen haben."
Déi éischt positiv Tester hu missen an engem Referenzzenter confirméiert ginn. Vun elo un muss dëst net méi gemaach ginn. Dëst wier een internationale Protokoll gewiescht. Wann d’Prouf am Labo ukënnt, dauert et 5 Stonnen, bis ee Resultat do ass, esou den Direkter vum LNS Dr. Friedrich Mühlschlegel. Vun den 30 Mataarbechter am Laboratoire, géifen sech der aktuell 6 nëmmen ëm d'Covid-19-Tester këmmeren, esou de Friedrich Mühlschlegel weider.
Fir d'Tester ginn awer keng Bluttprouwe gebraucht, ma Ofstréch aus der Nues oder dem Hals. Kënnt dës Prouf am Laboratoire un, gëtt emol fir d'éischt no der Sécherheet vun de Mataarbechter gekuckt, erkläert den Direkter vum LNS.
Friedrich Mühlschlegel: „Was als erstes passiert ist, dass unter Hochsicherheitsbedingungen, das Virus, das eventuell in dieser Probe ist, inaktiviert wird, so dass es nicht mehr infektiös ist. Also nicht Mitarbeiter gefährdet. Mitarbeitersicherheit ist natürlich eine absolute Priorität hier am LNS."
D‘Gesondheetsministesch huet e Mëttwoch och annoncéiert, datt vun nächster Woch un eng Zort Grippenzenter an de Maison Medicallen tëscht 8 a 16 Auer soll fonctionéieren. Den Ament ass den Undrang an den Urgencen a bei den Doktere grouss. Vu viraussiichtlech e Méindeg ginn 3 Maisons médicales, eng am Norden, eng am Zentrum an eng am Süden, daagsiwwer zu spezielle Grippenzentren.
