NationalfeierdagTickete fir Zeremonie an der Philharmonie si schonn all vergraff

RTL Lëtzebuerg
A Presenz vun der Regierung, dem Staatsrot, den Deputéierten an der groussherzoglecher Famill ass den 23. Juni d'Zeremonie an der Philharmonie.
© RTL (Archiv)

Wien dobäi wollt sinn, konnt sech seng Plaz vun e Freideg de Moie um 9 Auer u reservéieren. Wéi et am Schreiwes heescht, sinn d’Plaze limitéiert an d’Invitatioune ginn an der Reiefolleg vun den Umeldunge verschéckt.

E Freideg um 13.15 Auer konnt een um Site vum Gouvernement da scho liesen, dass den Event scho komplett ausgebucht ass. Wee sech bis elo also nach keen Ticket geséchert hat, kritt och kee méi.

D’Schreiwes vum Staatsministère

Nationalfeierdag 2022: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2022 um 10 Auer − Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet

Matgedeelt vun : Staatsministère

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie den 23. Juni 2022 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen, dat a Presenz vun der groussherzoglecher Famill, den Deputéierten, der Regierung, dem Staatsrot, der Justiz, dem Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dem diplomatesche Corps, deen zu Lëtzebuerg akkreditéiert ass.

D’Regierung luet all interesséiert Persounen an un der offizieller Zeremonie den Donneschdeg, 23. Juni 2022 um 10 Auer an der Philharmonie deelzehuelen. Well d’Plaze limitéiert sinn, ginn d ‘Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt.

Déi interesséiert Persoune kënne sech e Freideg, 10. Juni 2022, vun 9 Auer un iwwert de Site www.gouvernement.lu umellen.

Back to Top
CIM LOGO