
D’Verwaltungsgeriicht huet den Transfert vun engem Mann aus Eritrea a Richtung Italien annuléiert. De Mann hat zu Lëtzebuerg eng Demande op Asyl gestallt. Italien wär awer fir de Mann responsabel, hat den Immigratiounsministère argumentéiert. Dat huet och de Jean Asselborn op Nofro hin confirméiert.
Den Affekot vum Eriträer, de Me Frank Greff, huet bestätegt, dass säi Client gesondheetlech Problemer hätt. D’Gericht huet vum Ministère Garantië verlaangt. Dës Demande wär och an Italien weidergeleet ginn. Mä et géif nach keng Äntwert vu Roum virleien, seet den Immigratiounsminister. Fazit vun dësem Uerteel, dat och net méi kann ugefecht ginn. De betraffene Mann kann einstweilen zu Lëtzebuerg bleiwen.
Hien fält zeréck an déi normal Asyl-Prozedur a kann sech dann an e puer Méint de Froe vun engem Beamten aus dem zoustännege Ministère stellen. "Et sollt een aus dësem individuelle Fall allerdéngs keng generell Conclusiounen zéien" präziséiert de Jean Asselborn.