
Et handelt sech dobäi ëm ee Lëtzebuerger vun 52 Joer. Hie war wéinst Geldwäsch a Bedruch, bei deem e Schued ëm 6.000 Euro entstanen ass, hei am Land zu 270 Deeg Prisong verurteelt ginn.
Bei deem aneren Täter handelt et sech ëm ee philippinnesche Staatsbierger vun 69 Joer, deen hei am Land wéinst e puer Sexualstrofdoten 8 Joer Prisong krut. 2.152 Deeg huet de Mann nach ofzesëtzen.
A béie Fäll koum et um Grenziwwergang Waasserbëllegerbréck zur Iwwergab.