
2022 gouf fir déi éischte Kéier méi Stroum aus Wand a Sonn, wei aus Gas gewonnen. Dat weisen Date vun Ember, enger onofhängeger Denkfabréck, déi sech mat Energiefroe befaasst.
De gréissten Deel mécht nach d’Atom- a Waasserenergie aus. Mat Wand a Sonn gi mëttlerweil 22 Prozent vum Bedarf u Stroum fir d’EU produzéiert, dat viru Gas (20 Prozent) a Kuel (16 Prozent).

Den Dave Jones ass den Haaptauteur vun der Etüd. Hie schafft zanter iwwer 20 Joer an der Analys vun Energiedaten an huet och Erfarung an der Privatwirtschaft gesammelt. Am RTL-Interview sot hien, datt een och gesinn hätt, datt wéinst der Energiekris massiv Stroum agespuert gouf. Dat fir de Portmonni ze schounen a fir Solidaritéit ze weisen. Och d’Industrie huet manner produzéiert an d’Demande u Stroum ass zréckgaangen.

Datt manner Gas verbraucht gouf, wier och zum Deel politesch gesteiert, vill Länner hätte schonn an de leschte Joren Efforten am Ausbau vun den erneierbaren Energië gemaach. 2022 gouf et bei der Solarenergie e Plus vun 39TWh, dat ass eng Hausse vu 24 Prozent par rapport zu 2021.
Zu Lëtzebuerg géif ee grouss Efforten an der Solarenergie gesinn, esou den Dave Jones. Lëtzebuerg importéiert de gréissten Deel vu sengem Stroum. Bei der Solarenergie wier een allerdéngs europäesche Spëtzereider.

Bei Ember geet een dovun aus, datt an den nächste Joren den Trend Richtung Wand a Solar wäert weidergoen. An déi politesch Ziler vun enger Dekarboniséierung och effektiv kënnen ëmgesat ginn.
De pro Kapp Verbrauch u Stroum ass zu Lëtzebuerg hanner Finnland a Schweden am drëttgréissten. Am Grand-Duché wiere vill stroumintensiv Betriber.

Ember ass en onofhängegen Energie-Think-Tank. D’Associatioun sammelt a wäert Donnéeën aus, fir iwwert dee Wee Afloss op d’Politik a Gesellschaft ze huelen. Fir Lëtzebuerg huet een op Date vun Eurostat zréckgegraff.
