Et misst een och d’Konsequenzen op de Rescht vun der Welt am A hunn. A sengem Buch “Die Hydra des Dschihadismus” beschreift de Politolog, Journalist an Auteur, wéi den Dschihadismus sech an de leschte Joerzéngten zu enger globaler Beweegung entwéckelt huet an duerch geopolitesch Evenementer gestäerkt gouf. “Djihadismus als Ideologie ist heute so weit ausgebreitet in Europa, wie nie zuvor”, erkläert den Asiem El Difraoui am RTL-Interview, dee rezent op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg war. A bestëmmte Géigenden op der Welt wär d’Beweegung militäresch geschwächt, an aneren net. An der Sahelzon tëscht dem Atlantik an dem Roude Mier wieren Dschihadiste-Gruppen an all eenzelem Land present. Et géife méi Terror-Uschléi gi wéi jee virdrun.
Schwaarz molen, wëll den däitsch-ägypteschen Expert net. Warnt awer gläichzäiteg, datt d’Menace fir Europa eng Kéier kéint grouss ginn. Vill vun dëse Sahel-Staaten - den Tschad oder de Mali beispillsweis - géifen hiren Territoire net kontrolléieren an Deeler vun der Populatioun därmoossen ënnerdrécken, datt dës sech dem Dschihadismus zouwende géifen.
Och den Ukrain-Konflikt kéint dem Dschihadismus weider Driff ginn. Sollten d’Käre-Stocken aus der Ukrain net kënnen exportéiert ginn, kéint dat virop an Afrika, a Länner wéi Ägypten zum Beispill, déi staark ofhängeg vun ukraineschem Weess sinn, och a Westafrika an an der Sahelzon zu Hongersnéit féieren. Heiduerch kéint d’dschihadistesch Beweegung massiv verstäerkt ginn, seet den Asiem El Difraoui.
Weider Sujeten am Interview ware mëttel- a laangfristeg Ambitiounen, grad wéi den Impakt vum Dschihadismus op d’Entwécklung vum Populismus an Europa.