StengefortUm Daach vun engem Réibau hat et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg hunn d'Pompjeeën an der Lëtzebuerger Strooss zu Stengefort missen agräifen.
Brand zu Stengefort
E Freideg huet Isolatiounsmaterial um Daach vun engem Réibau Feier gefaangen.

Um Daach vun engem Réibau war et zu engem Feier komm: d'Isolatiounsmaterial hat gebrannt. D'Pompjeeë vu Stengefort, Habscht, Mamer, Käerch an aus der Stad ware séier op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.

Och an der Stad op der Stäreplaz goufen d'Pompjeeë wéinst engem Feier geruff, hei stoung eng Poubelle a Flamen.

Back to Top
CIM LOGO