Xavier Bettel am LaosUm éischten Dag steet fir de Minister Kultur um Programm

RTL Lëtzebuerg
Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel ass dës Woch op Visitt am Laos. Den éischten Nomëtteg war méi entspaant an touristesch.

No ronn 21 Stonnen Urees ass de Xavier Bettel an d’Delegatioun dëse Méindeg am Laos, méi genee an der Stad Luang Prapang, ukomm. D’Rees war fir jiddereen ustrengend, do ass och e Minister keng Exceptioun. Dofir war de Programm um éischten Nomëtteg méi liicht ausgefall. Besicht goufen eng Rei Tempelen direkt am Zentrum vun der Stad, wou zéngdausende Mënschen Doheem sinn. An e puer Tempele gëtt och haut nach gebiet an zwar gréisstendeels vu buddhistesche Mënchen. Am Laos ass nämlech de Buddhismus déi verbreetste Relioun.

Net entgoe loossen, wollt ee sech dann och de berüümte Sonnenënnergang um Bierg Phousi. All Owend klammen hei d’Touristen déi 355 Träppleken erop, fir un der Spëtzt eng 360 Grad Vue iwwert Luang Prapang ze genéissen an d’Sonn hannert de Bierger verschwannen ze gesinn. Geet een op der anerer Säit dann 328 Träppleken erof, lant een um bekannten Nuetsmaart. Hei gëtt einfach all Dag d’Strooss vu 17 bis 22 Auer gespaart a ronn iwwer 500 Meter reit sech ee Maartstand un den Nächsten. Den Ausseminister huet et sech hei och net huele gelooss, deen een oder anere Schal unzeprobéieren. Op de Stänn gi gréisstendeels selwer gemaachent Handwierk verkaf, mä och Kämm aus Elfenbein, Braceleten aus Bommen-Iwwerreschter aus dem Vietnamkrich an traditionell Kleedung gëtt hei gebueden.

Am Laos ass grad Touristesaison, wat dem Land finanziell gesi gutt kënnt. Ronn zwee Joer war de Laos nämlech wéinst dem Coronavirus am Lockdown.

No engem Nomëtteg als Tourist fir d’Kultur am Laos e bësse kennenzeléieren, ginn um Dënschdeg awer déi éischt Projete besicht an et geet fir de Xavier Bettel, Gusty Graas, Sven Clement a Co op Vang Vieng, eng Klengstad an der Provënz Vientiane.

Back to Top
CIM LOGO