Feeler nees behuewenUm Freideg de Mëtteg hat LuxTrust mat technesche Problemer ze kämpfen

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi um Freideg probéiert haten z.B. op hiren Onlinebanking zouzegräifen, dierft opgefall sinn, dass ee sech net via LuxTrust identifizéiere konnten.
© RTL Grafik

D’Internetsäit luxtrust.com war e Freideg de Mëtteg e puer Stonnen net accessibel. Op Nofro bei LuxTrust war et d’Informatioun, dass ee mat Héichdrock dru schafft, d’Problemer ze behiewen. All d’Cliente vu LuxTrust ware vun der technescher Pann concernéiert, sief et z.B. Banken oder MyGuichet.lu.

Géint 14 Auer war den Internetsite nees online, déi divers Login-Servicer hunn awer nach net richteg funktionéiert.

Géint 16.25 Auer war et dunn op Nofro hin d’Bestätegung, dass all d’Servicer vu LuxTrust nees géife funktionéieren. Et gouf dann och erkläert, dass et keng Attack op LuxTrust gouf, ma dass et sech ëm e reng technesche Problem gehandelt hätt.

Keng DDoS-Attack

Op Nofro beim CTIE, dem Centre des technologies de l’information de l’État war et d’Informatioun, dass d’Servicer vum Staat net vun enger sougenannter DDoS-Attack viséiert wieren, sou wéi dat an der Vergaangenheet schonn e puer Mol de Fall war. Hir Servicer hunn déi ganzen Zäit iwwer normal weider funktionéiert, ausser eben do, wou ee sech via den externe Partner LuxTrust huet mussen aloggen.

Back to Top
CIM LOGO