Joreswiessel zu LëtzebuergUm Silvesterowend gouf zwar gefeiert, ma net nëmmen

Christophe Hochard
Verschidde Leit hunn um leschten Dag vum Joer misse schaffen. Mir hunn hinnen iwwer d'Schëller gekuckt, waren awer och op eng Party de Bols fillen.
Owesschichten op Silvester
Reportage

Fir d'Silvesternuecht gouf d'Ekipp an der Zentral vum 112 verstäerkt: 6 Leit waren am Asaz. Dëst ass eng Virsiichtsmoossnam. Aus Erfarung wéisst een, datt tëscht de Jore méi Noutriff erakéimen, wei soss d'Joer iwwer. Och an den eenzelne Kasären war d'Personal gutt opgestallt. Sou waren am gréissten Zenter, op der Areler Strooss, 25 Beruffspompjeeën a fräiwëlleger fir d'Silvesternuecht am Stand-By.

Och verschidden Apdikten uechtert d'Land haten um leschten Owend Service de Garde, dat wärend 24 Stonnen. Fir dëse Joreswiessel hat den CHL Urgencen-Déngscht. 3 Dokteren hate bis um Neijoerschmoie genuch ze dinn. 15 Extrabetter waren installéiert ginn. Speziell fir Leit, déi beim Feieren een ze vill iwwer den Duuscht gedronk haten. Dat waren dëst Joer virun allem eeler Persounen.

Natierlech gouf zu Lëtzebuerg och gefeiert

Silvester zu Lëtzebuerg
E klengt Stëmmungsbild aus der Stad.

Kuerz no Hallefnuecht huet d'Party esou richteg ugefaangen. Mat Frënn a Kolleege gouf op dat neit Joer geprost a ganz niewebäi och dat neit Joerzéngt begréisst.

Back to Top
CIM LOGO