
“Muechtgier amplaz Solidaritéit”, sou ass e Schreiwes vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC iwwerschriwwen, déi sech verwonnert seet, wéi OGBL an LCGB den Ament generell géife verfueren.
D’Gewerkschaftsunioun géif mat populisteschen Aussoen, déi och ferm polariséieren, de gewerkschaftlechen Zesummenhalt bewosst schwächen a splécken. Notamment wat de privaten an den ëffentleche Secteur ugeet.
Zanter Jore géifen OGBL an LCGB priedegen, dass just national-representativ Syndikater d’Recht hätten, fir op nationalem Niveau ze verhandelen. Eng Devis, déi awer net méi géif gëllen, wann et ëm d’Muechtuspréch am ëffentlechen Déngscht soll goen, kritiséiert d’FGFC.
Generell hätt een och d’Impressioun, dass d’Gewerkschaftsunioun, déi jo faktesch just aus zwee Syndikater bestéing, net demokratesch, mä dominant wéilt sinn, net villfälteg, mä ausschléisse wéilt, an de Sozialdialog am Land mengt, eleng kënnen ze féieren. Dat wier net am laangfristegen Interessi vun de schaffende Leit, sou d’FGFC, egal ob privat oder ëffentleche Secteur.