Dobäi kënnt eng Geldstrof vu 1.500 Euro an ee Verbuet vu 5 Joer, fir Déieren ze halen.
Dem jonke Mann war virgehäit ginn, am Dezember zu Uewerkuer säi klengen Hond vu 4 Méint esou uerg geschloen ze hunn, datt dee knapp 11 Stonnen drop gestuerwe war.