
Um Belair gouf géint 18.15 Auer Auer eng Persoun ugestouss a blesséiert. Zu Keel ass kuerz virun 20 Auer en Auto accidentéiert, eng Persoun ass verwonnt ginn. Géint 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg sinn op der A3 an Direktioun Metz tëscht der Aire de Bierchem a Léiweng direkt eng Partie Autoen aneneegerannt - och hei gouf et ee Blesséierten. Zu Diddeleng sinn zwee Autoen ëm kuerz no 4 Auer net laanschtenee komm.
Och e Samschdeg de Mëtteg koum et zu 2 Accidenter, sou nach de CGDIS. Zu Réimech, op der Route du Vin, sinn zwee Autoen aneneegerannt. An zu Lauterbuer koumen e Motorrad an en Auto net laanschteneen. Op béide Plazen gouf et all Kéiers ee Blesséierten.