
Géint 6.30 Auer gouf et eng Kollisioun zu Keel an der Rue de Tetange. Kuerz virun 8 Auer war et de selwechten Zenario um Rouscht an der Route de Luxembourg. A béide Fäll gouf eng Persoun verwonnt.
Och bei engem Accident zu Diddeleng a Richtung Echangeur A3 gouf et ee Blesséierten, dëst géint 8.40 Auer.
E Sonndeg den Owend géint 18.40 Auer ass zu Munneref e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn. Nieft de lokale Secouristen huet sech och de Samus-Noutdokter ëm d’Affer musse këmmeren.
Bei engem Kichebrand zu Maacher, respektiv engem Cheminéesbrand zu Ischpelt blouf et beim Materialschued.