CGDISVéier Interventiounen en Donneschdegowend, respektiv an der Nuecht

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et op eise Stroossen zu engem Accident mat engem Cyclist an op 3 Plazen hat et gebrannt.

Zu Réimech hat en Automobilist e Cyclist ze pake kritt. Dëse gouf verwonnt. Dat war géint 19.15 Auer an der Stadbriedemesser Strooss.

Um Boulevard Kaltreis zu Bouneweg huet zu där Zäit eng elektresch Trottinette gebrannt. D’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt.

An der Beetebuerger Strooss zu Hesper huet kuerz no 20 Auer eng Poubelle gebrannt an zu Ettelbréck ass an der Nuecht géint 1 Auer Dampgeroch aus enger Residenz komm. Bei béide Virfäll ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO