
Opgefall war e Chauffer géint 12.30 Auer e Samschdeg de Mëtteg zu Waasserbëlleg, well hien an en Auto gerannt ass, deen do ofgestallt war. Ma den Automobilist ass net stoe bliwwen, mä weidergefuer. Mat Hëllef vun Zeie konnt d'Police d'Persoun ermëttelen a konnt si kontrolléieren. Hien hat ze vill gedronk an de Permis gouf agezunn.
Géint 15 Auer e Samschdeg gouf der Police gemellt, datt e Gefier, datt duerch Clausen gefuer ass, wuel vun engem alkoholiséierte Chauffer gesteiert gouf. Dat konnt du bei enger Kontroll confirméiert ginn an d'Persoun krut de Permis ofgeholl.
Eng Stonn méi spéit nees en Accident mat Fahrerflucht, dat op der RN1 beim Potaschbierg. Och hei konnt d'Police de Chauffer ermëttelen an de Permis wéinst Alkohol um Steier anzéien.
Dann um 3 Auer e Sonndeg de Moien ass der Police op der A4 a Richtung Stad e Chauffer opgefall, dee säi Gefier a Schlaangelinnen gesteiert huet an ëmmer nees ouni Grond ofgebremst huet. Och hei hat den Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt an huet säi Führerschäin missten ofginn.