FermeturenVeritas an den Noper H&M op der Stater Gare maachen dëse Summer zou

RTL Lëtzebuerg
Op der Gare maachen weider Butteker hir Dieren dëse Summer zou. An der Entrée vun der Garer Avenue sinn dat Veritas an den Noper H&M, sou paperjam.lu.

De Buttek Veritas, deen Textilie verkeeft, huet den Ament schonn eng Liquidation Totale affichéiert. Déi 5 Salariéeën géifen net an engem vun den 4 aneren Geschäfter ënnerkommen.

Weider wier confirméiert, datt d'Filial vum Konzern fir Kleeder H&M op der Gare zoumaache géif.

Grond fir d'Fermeturen wär wuel den héije Loyer.

Back to Top
CIM LOGO