ZeienopruffVerkéiersaccident mat Fahrerflucht an der Rue Bouillon an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht Zeien am Fall vun engem Accident an der Rue Bouillon an der Stad op der Héicht vum Kierfecht.

E Mëttwoch de Moie géint 7.50 Auer krut en Auto eng Trottinette-Fuererin ze paken. D'Fra war op der Vëlosspuer ënnerwee, wéi e Gefier si gesträift huet. Doropshin ass si op de Buedem gefall a gouf liicht blesséiert.

Amplaz stoen ze bleiwen ass den Automobilist mat engem donkele Kombi a Richtung Kräizung Escher Strooss/Hollerecher Strooss weidergefuer.

All Informatioune si fir d'Police Gare/Hollerech ënnert der Nummer 244 44 1000.

Back to Top
CIM LOGO