
D’Luxlait mécht den Opruff un hir Clientèle, aktuell d’Deckelen net ewech ze geheien, ma ze halen, fir se da weider am Eegegebrauch kënnen ze benotzen.
Et géif een dru schaffe fir nei, méi ëmweltfrëndlech Verpackunge kënnen unzebidden, ma et misst een nach e bësse Gedold hunn, bis déi nei Produiten do sinn.