
Dozou wollt de CSV-Deputéierte Gilles Roth an der Chamberplenière vun der Finanzministesch Yuriko Backes Detailer wëssen.
Fir d’CSV ass et net nozevollzéien, datt just 20 Prozent hei musse bezuelt ginn. Dat wier sozial ongerecht. D’CSV wëll, datt de reduzéierten Taux vun 20 Prozent just applizéiert gëtt, wann ee fënnef Joer Besëtzer vum Bien war. Aktuell sinn et jo zwee Joer.
Och de Coefficient de Reevaluation fir al Immobilien déi een ierft sollt iwwerschafft ginn, well hei deels enorm Steieren op der Plus-Value ufalen.
Bei Changementer wier et aktuell schwiereg virauszesoen, wéi dës sech op de Marché géingen auswierken, äntwert d’Finanzministesch Yuriko Backes. Si géing sech op alle Fall kenger Diskussioun verschléissen an déi sollen an den nächste Wochen a Méint och gefouert ginn.