Vicky Schaack gouf mam "Ordre de Mérite" ausgezeechent
D'Vicky Schaack huet hiert Liewe laang vill an haart geschafft an dat virun allem an hirem am ganze Land bekannte Café Schaack-Graas zu Miersch.
Déi gebierteg Déifferdengerin gouf e Méindeg a Präsenz vu Famill a Mierscher Schäfferot vun der Familljeministesch mam "Ordre de Mérite" ausgezeechent. Eng Éier, déi hir vill Freed mécht. Mir hunn e Méindeg eng ganz houfreg Wiertsfra begéint.