Police-BulletinVill Abréch a Kläppereien an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf an der Nuecht op e Samschdeg zu Diddeleng, Bouneweg, an der Stad, zu Dippech, zu Monnerech, um Sennengerbierg an zu Esch agebrach.

Dëst waren Abréch an Appartementer, Haiser, Restauranten oder och nach an e Gaardenhaischen.

Zu Jonglënster gouf e Freideg den Owend géint 20 Auer dann nach an de Volvo V90 agebrach. Et gouf eng Posch geklaut. Eventuell Zeie solle sech w.e.g. beim 113 mellen.

Nieft Abréch goufen et dann awer och vill Kläppereien. Net manner wéi 9 där Kläppereie goufen der Police gemellt. An alle Fäll dierft Alkohol am Spill gewiescht sinn, heescht et am Police-Bulletin. Et blouf bei méi klenge Blessen. Eng Persoun huet mussen an de Passagearrest.

Alkoholkontrollen

Tëscht 22 an 2 Auer goufen et eng Partie Alkoholkontrollen, déi op Uerder vum Parquet duerchgefouert goufen. Kontrolléiert goufe 520 Automobilisten zu Bitscht, zu Heischent an zu Ettelbréck. A 17 Fäll war den Test positiv, 2 Führerschäiner goufen agezunn.

Tëscht 23.15 Auer an 3.30 Auer goufen et dann nach Kontrollen an der Stad an zu Fenteng. Hei hunn 159 Automobilisten en Otemtest musse maachen. A 5 Fäll war dëse positiv, 1 Persoun stoung ënner Drogenafloss an 1 Führerschäin gouf agezunn.

D'Police schwätzt am Bulletin vun am ganze 5 Führerschäiner, déi an der Nuecht op e Samschdeg wéinst ze vill Alkohol hu mussen agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO