KinnekswissVill Mënschen a geleeëntlecht Freedefeier: Police huet missten agräifen

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg den Owend hunn d'Beamte missten eng gréisser Mënschenusammlung op der Kinnekswiss an der Stad opléisen.
© Jeff Spielmann / RTL

Hei hate sech eng 150 Leit getraff an ënner anerem Freedefeier lassgelooss. Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet sech d'Mënschemass opgeléist.

Op der selwechter Plaz gouf géint 21.40 en Handy geklaut, woubäi d'Täter d'Affer och attackéiert, ma net blesséiert hunn. No enger kuerzer Sich konnt de presuméierten Täter um Boulevard Royal fonnt ginn, dat zesumme mat enger Grupp vu jonke Männer. De Mann wollt nach flüchten, ma d'Beamte konnten hie stoppen. Wärend der Duerchsichen hat de sichtlech alkoholiséierte Mann keng léif Wierder fir d'Polizisten iwwereg. Den Handy gouf zwar net fonnt, ma de Mann gouf protokolléiert.

Um Freideg de Mëtteg gouf dann zu Hesper eng Auer geklaut, och hei sinn d'Täter gewaltsam virgaangen. Dat ganzt ass geschitt op den Trapen, déi op den Holleschbierg féieren. D'Affer gouf vun engem Mann gefrot, wéi vill Auer et wier. Wou dësen him dat wollt soen, huet den Täter him d'Auer vum Handgelenk gerappt. Op der Héicht vum Futtballterrain ass den Täter dunn an de Bësch gelaf. D'Affer gouf net blesséiert, huet awer eng Plainte gemaach.

Kuerz no der Spärstonn dann huet d'Police missten an der Rue de Muguets an der Stad agräifen, well e puer jonk Männer uneneegerode waren. Ee vun de jonke Männer gouf dobäi vu véier aneren zesummegeschloen an e gouf blesséiert. Protokoll gouf géint d'Männer erstallt a si kruten och eng Geldstrof, well si no 23 Auer nach dobausse waren.

An der Allée Scheffer gouf et dann eng hallef Stonn méi fréi och eng Kläpperei. Hei gouf eng Persoun, déi ze vill gedronk hat, liicht verwonnt an op der Plaz vun de Rettungsekippe versuergt. Wéi d'Persounen ënnersicht goufen, gouf bei enger Haschisch, Tuten a Boergeld fonnt, wat alles saiséiert gouf. De méiglechen Täter, deen de jonke Mann verletzt huet, konnt awer net méi ermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO