D'Lëtzebuerger an déi franséisch Police hunn eng gemeinsam Kontroll gemaach.
An 11 Fäll hu Chauffere missten 145€ berappen a kruten zwee Punkten ofgeholl wéinst ze héijer Vitesse.
Zwéin Automobiliste kruten de Führerschäin op der Plaz ofgeholl.
Si ware mat 120km/h respektiv 117km/h ënnerwee, wou 70 erlaabt ass.