
Kontrolléiert goufen ënner anerem d’Vitess, d’Pabeieren, den techneschen Zoustand vun de Gefierer an d’Luuchten.
An der Route d’Ettelbruck an der Rue du Palais stoung d’Vitess am Mëttelpunkt. Insgesamt goufen 9 Chauffere bestrooft, dovu 6 wéinst liichten Iwwerschreidungen an 2 wéinst méi héije Geschwindegkeeten (mat Punkteverloscht). Zwee weider Chaufferen hunn ee Protokoll wéinst Problemer mat de Luuchte kritt.
Bei enger Kontroll an der Industriezon Fridhaff goufen 30 Chauffere verwarnt: 8 hunn der d’Stoppschëld net respektéiert, 22 hunn d’virgeschriwwe Fuer-Richtung net agehalen. D’Police huet drop higewisen, datt Chaufferen, déi d’Industriezon als Ofkierzung benotzen, de Verkéiersfloss éischter nach méi stéieren.
An der Rue du Pont goufe 7 Verwarnunge wéinst technesche Mängel a 6 Protokoller wéinst Problemer mat de Luuchten, de Pneuen oder dem Warndräieck ausgestallt. Ausserdeem gouf e Protokoll geschriwwen, well e Chauffeur Drogen dobäi hat.