BilanViru 4 Méint ass en Tornado iwwer de Süde vum Land gezunn

Jeannot Ries
Net laang, mä et ass duergaangen, fir vill Schued a vill Misär ze hannerloossen.
Viru 4 Méint ass en Tornado iwwer de Süde vum Land gezunn
Net laang, mä et ass duergaangen, fir vill Schued a vill Misär ze hannerloossen.

Gutt 4 Méint nom Tornado am Süde vum Land sinn d'Opraumaarbechten zu Péiteng a Käerjeng nach ëmmer am Gaangen. Gutt 40 Milliounen Euro goufe bis ewell vun den Assurancen ausbezuelt, fir déi betraffen Haiser nees esou séier ewéi méiglech bewunnbar ze maachen. D'Aarbechten dierften awer nach bis wäit an d'nächst Joer weider goen. E Mëttwoch den Owend gouf et eng kleng Feier zu Péiteng, fir deene Merci ze soen, déi bei den Opraumaarbechte gehollef hunn. De Rettungsekippen a Fräiwëllege goufe Merci fir d'Well vu Solidaritéit gesot. 400 Leit waren invitéiert, esou de Pierre Mellina, Péitenger Buergermeeschter.

Och e Mëttwoch waren d'Spuere vum Freideg 9. August nach kloer ze gesinn. De Jeannot Ries huet sech e Bild op der Plaz gemaach.

De Jeannot Ries huet sech e Bild op der Plaz gemaach
E Mëttwoch den Owend gouf Merci gesot.

6 Méint, esou laang géif et daueren, fir déi meescht Haiser fäerdeg ze kréien. Wat esou vill heescht ewéi, datt vill Leit d'Feierdeeg dëst Joer net Doheem feiere kënne.

Audio 1: Pierre Mellina

Mir konnten elo 3 Haiser fräiginn. Do war de Schued vläicht manner grouss an d'Leit kënnen nees zeréckgoen. Mä et sinn awer nach 28 Familljen, déi ausserhalb vun hirem Haus Chrëschtdag musse feieren.", huet de Pierre Mellina ënnerstrach. Et wieren och nach ëmmer Leit dobäi, déi sech net am Kloren mat den Assurancë wieren, sou nach de Péitenger Buergermeeschter.

Audio 2: Pierre Mellina

Mir hunn als Käerjenger a Péitenger Gemeng 3 Etappe virgesinn. Déi éischt Etapp ass ze klären mat den Assurancen. Duerno kucke mer, wat mam Ministère méiglech ass. An dat wat do nach iwwereg bleift, wäerte mer Mäerz/Abrëll d'nächst Joer zesummendroen. Mir hunn e Fong, wou Leit Done gemaach hu vu Ronn enger Millioun Euro. An dee wäerte mer en fonction vun deene Schied, déi net gedeckt sinn, esou gutt ewéi méiglech verdeelen.", sou de Pierre Mellina.

Bis Februar misst sech d'Situatioun awer weider entspanen.

Back to Top
CIM LOGO