
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten, 6 vun hinne si Residenten. Dat fir de 16. August. Et goufe 768 Tester gemaach.
Dat sinn elo am Ganze 7.469 positiv Fäll.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 685.935 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 606 aktiv Infektioune ginn a 6.739 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 37 (+2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,740. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.