
Aktuell sinn 14 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.537 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 459 waren ergänzend Dosen, wärend et bei zwou Persounen déi zweet Dosis war a bei dräi déi éischt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.