Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.039 PCR-Tester waren der 157 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ass ëm 1 op 1.147 geklommen.
© RTL

Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien den Ament zwee Patienten op der Intensivstatioun.

100 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.659 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 362 waren ergänzend Dosen, wärend fënnef eng zweet Dosis kruten a bei dräi Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,44. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO